Back to All Events

Nikki Ninja & d'Wibbeldidubs

Live at Familjefest Elmen “Maison pour tous” Kehlen, LU

D’Nikki Ninja ass zréck, wat ee Gléck! De Mantel schwaarz giel, geféierlech wéi eng Bei, bbsssss pick

Sinn d’Katsuro Kaatz, de Benji Bier an d’Schwéngi Schwain dem Nikki nach ëmmer trei,

di drai haaten awer Loscht ob nei, ob frai, d’Häerz huet net mi fir den Hiphop alleng geklappt,

si wollten alles spillen, dofir sinn si elo d’Wibbeldidubs!

Um neien Album glänzen also Influenzen vun iwwerall, wi wonnerbar, well dat ass d’Liewen, vill Léift

an Trallala!

D’Jessi Jaus ass fort geplënnert, mä alles paletti, dem Nikki seng nei Frëndinn heescht Kätti Konfetti,

di zwee chille wi Chillkröten, Krenondibass, faalen mat der Trottinett, baake Kuch,

Fannen hier Superninjakraaft, kréie vu Glace net genuch, genéissen d’Vakanz, an an an

an wéi ëmmer gëtt zu Räppeldeng vill gelaacht, Musék gemaach a gedanzt!

Nikki Ninja & d’Wibbeldidubs ass een Concert fir Kanner ob Lëtzebuergesch vum Pol Belardi a Nicole

Bausch den den Accent sëtzt ob Texter mat Message an ob Musek mat Gefill fir di ganz Famill.

Direction musicale: Pol Belardi

Production exécutive: Nicole Bausch

Auteur: Nicole Bausch

Compositeur: Pol Belardi

Vocals: Nicole Bausch + Anne Klein

Vocals ‘kleng Ninja’n’ : Bamba & Ouli & Ami Kane

Drums: Niels Engel

Bass: Pol Belardi

Keys: Joe Schmitz

Costume: Alexandra Lichtenberger

Artwork: Sascha Di Giambattista

Chorégraphe: Marc Folschette

Pédagogue de théâtre dans la recherche de textes: Gilles Seyler

Grand Merci à la classe Cycle 3.1 de Emilie Glaesener ( Ecole primaire de Mersch ) et à la

classe Cycle 3.2 de Sam Hilger ( Ecole primaire de Eich ) !

Oeil extérieur: Dan Tanson

Nikki Ninja baséiert op de Projet “Nikki Ninja an Afrobeathoven”, deen vum Nicole Bausch

an Dan Tanson gemeinsam entwéckelt gouf.

Une coproduction neimënster, avec le soutien financier de et un grand merci au Ministère de

la culture, à la Fondation Sommer, à la Fondation Loutsch-Weydert, à la Fondation Thierry

Van Werveke et à la SACEM

Previous
Previous
May 2

Dillendub

Next
Next
May 17

Pit Dahm Trio